E Mëttwoch de Moien war d’Renate Winter eis Invitée vun der Redaktioun.

Video op RTL

 

An Zukunft gëtt et zu Lëtzebuerg e separat Jugendstrof- a Jugendschutzrecht. Mat der Reform vum Gesetz vun 1992 kommen nämlech 3 verschidde Gesetzer, an dat wier och néideg, well een zanterhier grouss Progrèse gemaach hätt a Saachen Psychologie, Pedagogik a Strofrecht fir Kanner a Jonker. Donieft kënnt och e Gesetz fir d’Rechter vu Kanner, déi Affer oder Zeien goufen vu Gewalt. Dat sot d’Renate Winter, Expertin am Beräich vun de Kannerrechter an Éierepresidentin vum UNO-Kannerrechtscomité. Si war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

6000 Joer laang géing et e Strofrecht mat ausschliisslech Strofe ginn a 6000 Joer laang hätt dat net preventiv gewierkt, sou d’Invitée. Dofir hätt een elo e ganz neien Usaz, nämlech déi sougenannt „Diversion“ an dat wier och d’Kärstéck vun engem moderne Strofrecht fir Kanner a Jugendlecher. Dobäi géing een op d’Bedierfnisser vun de Jonken agoen, nämlech dass se dat verstinn, wat se falsch gemaach hunn an hinnen dann d’Chance gëtt „et nees gutt ze maachen“.

Et gëtt mat de Kanner op Aenhéicht geschwat

Mat den neien Texter wier een och komplett konform mat internationalen Normen a mat der Kannerrechtskonventioun. Déi 3 nei Gesetzestexter wieren och openeen ofgestëmmt a missten dowéinst och zesummen ugeholl ginn, sou d’Expertin Renate Winter. Besonnesch am Jugendschutzgesetz hätt een e ganz däitleche Paradigmewiessel, wat d’Relatioun tëscht Elteren a Kanner concernéiert. Béid géingen elo op Aenhéicht behandelt ginn. Et géing mat de Kanner geschwat ginn an och d’Eltere ginn gestäerkt. Den Elteren hiert Kand fortzehuelen, wier elo just nach eng allerleschte Méiglechkeet an net méi déi éischt. An natierlech kéint een ëmmer nach méi maachen, mee fir d’éischt misste mol déi hei Changementer verdaut ginn, sou d’Renate Winter.

De Modell „Barnahuis“ zu Lëtzebuerg?

Natierlech hätt een schonn doriwwer nogeduecht, fir och am Grand-Duché esou ee Barnahaus ze schafen, mee et wier een nach net esou wäit, well mat den neie Gesetzer elo scho vill Neies beienee géing kommen, esou d’Renate Winter. Am Barnahaus fanne sech all d’Servicer zesummen ënner engem Daach, déi e Kand a Nout brauch, zum Beispill d’Police, de Jugendriichter, de Pedagog an den Therapeut. Sou muss d’Kand seng Geschicht a säi Leed net andauernd widderhuelen an et kann méi effikass geschafft ginn.