Et si grouss Changementer, déi d‘Ministere Sam Tanson, Justiz, a Claude Meisch, Educatioun, um Dënschdeg presentéiert hunn.
Et gouf en Droit pénal fir Mineure geschaaft. D’Jugendschutzgesetz gouf reforméiert. Doduerch si fir déi Mannerjäreg d’Volete Strofrecht a Schutz kloer getrennt. Mat dësem Paradigmewiessel wier d’Protektioun vun de Mineuren zu Lëtzebuerg elo um neiste Stand an am Aklang mat den Obligatioune vum Comité fir Kannerrechter vun de Vereenten Natiounen, esou d’Regierungsmemberen.
D’Administratioun an d’Justiz zu Lëtzebuerg wieren elo endlech un de Besoine vun de Kanner a Jugendlechen orientéiert, lueft déi international Expertin am Kannerrecht Renate Winter, déi um Ausschaffe vun dëse Gesetzestexter bedeelegt war.
D’Präventioun huet elo absolutt Prioritéit.
Jugendlecher, déi eng komme gelooss hunn, kënne réischt vum Alter vu 14 Joer u fir hir Dote responsabel gemaach ginn. Bis 21 Joer kann een ënner Ëmstänn nach als Mineur consideréiert ginn. An deem Fall gëtt der concernéierter Persoun nom Droit pénal fir déi Jugendlech an net fir déi Erwuessen de Prozess gemaach.
D’Prisongsstrofe fir déi Jugendlech si manner streng. D’Reegel ass, dass d’Dauer vun der Strof fir e Mineur ëmmer hallef esou laang ass, ewéi fir en Erwuessenen, deen déi nämmlecht Dot begaangen huet.
E Jugendleche ka maximal zu 10 Joer Prisong verurteelt ginn. Wann en hannert Gitteren muss, dann awer op d’mannst fir 6 Méint.
De Prisong soll awer ëmmer déi allerlescht Léisung sinn. D’Preventiounsaarbecht vum Office national de l’enfance fir Strofdote vu Kanner a Jugendlechen iwwerhaapt emol z’evitéieren, hätt Prioritéit, soen d’Ministeren Tanson a Meisch.
Duerno géif et alternativ Strofe ginn, ewéi e Couvre-Feu zum Beispill. Eréischt wann all d’Méiglechkeeten epuiséiert sinn, kéim d’Prisongsstrof a Fro.
De Jugendprisong, d’Unisec zu Dräibuer, gëtt vun 12 op 24 Unitéiten ausgebaut a gëtt an Zukunft vun der Prisongsverwaltung geréiert an net méi vum Centre socio-éducatif vum Staat.
Dee schafft deen Ament dezentraliséiert mat méi klenge Gruppen uechter d’Land. D’Aarbecht vum CSEE wäert sech dann op de Jugendschutz, d’Präventioun virun der Jugendkriminalitéit an d’Kooperatioun mat de Famillje konzentréieren.
Déi ganz Reform beinhalt 3 Gesetzestexter.
Déi concernéiert Ministeren hoffen, dass si nach virum Enn vun dëser Legislaturperiod an der Chamber gestëmmt ginn.
D’Jugendkriminalitéit soll duerch verbessert Preventiounsaarbecht reduzéiert ginn. Op déi Manéier soll den Office national de l’enfance och de Schutz vun de Mannerjäregen an och d’Famillje renforcéieren.
Wann et nëmme méiglech ass, solle Kanner respektiv Jugendlecher doheem bleiwe kënnen.