Video op RTL

D’Jugendheem soll Meedercher Plaz bidden, déi vum Geriicht placéiert gi sinn.

Aus der Jugendherberg zu Buerglënster gëtt d’nächst Joer eng Wunnstruktur fir 8 Meedercher. Dat goufen d’Awunner aus dem ronn 650 Séilenduerf an der Lënster Gemeng e Méindeg den Owend op enger Informatiounsversammlung gewuer. Niewent den 2 Schäffen, dem Françoise Hetto an dem Gilles Baum, haten 3 Responsabeler vum Centre socio-éducatif de l’état sech Zäit geholl, fir de Leit z’erklären, dass ee Mineuren, déi vum Geriicht bei si op Schraasseg oder Dräibur placéiert ginn, hautdesdaags aus de grousse Strukture vun der traditioneller Heem-Erzéiung eraushëlt, fir a klenge Wunngruppe mat hinnen ze schaffen. Esou eng kéim vum nächste Joer un an déi fréier Jugendherberg, sou den Direkter vum Centre Socio-Educatif vum Staat Ralph Schroeder zu Buerglënster.
8 Meedercher, alleguer Mannerjäreg, kommen an déi kleng Wunnstruktur a gi betreit vu 7 bis 8 Erzéier, dëst fir en Encadrement ronderëm d’Auer. D’Gebai géif den neien Ëmstänn ugepasst ginn.

Am Februar wier ee mat den Aarbechte fäerdeg, sou de Ralph Schroeder, deen de 34 Bierger, déi um 1. Vakanzendag an d’Informatiounsversammlung komm waren, dann och un d’Häerz geluecht huet, bei der Integratioun vun de Meedercher eng Hand mat unzepaken.