2. Woch vun der Summervakanz

An der éischter Phase, hunn mir am Grupp zesummen den Projet virgestallt an dann mat den 4 Jugendlecher di deel geholl hunn d’Spillreegelen op engem Plakat festgehalen. Jiddereen hat ee Moment de Parole kritt fir seng eegen Definitioun vun „Roll“ ze erklären. Et war eis wichteg matzedeelen dass den Projet esou gestallt gëtt dass „Jiddereen“ sech wuelfillt. Wuelfillen heescht, keen ze jugéieren, net auszelaachen an wat eis och wichteg war dëst an engem Enken Kader ze halen. Dat heescht dass di wou net um Projet deel geholl hunn och net nokucken dierfen fir den Jugendlech wie och dem Personal ee gewëssen Schutzraum ze ginn. Dëst war en Wonsch vun den Jugendlechen, déi um Projet deelgeholl hunn.

An enger zweeter Etapp, hunn mir fir unzefänken nach emol d’Reegelen zesummen duerch gelies an erkläre wei den zweeten Dag verlafen weat. Am Ergossall huet jiddereen seng Mask konnten auswielen an sech am Binôme fannen. Jiddereen konnt dann seng Mask esou gestallten/Personaliséieren wie Si sech et konnten virstellen. Wärend d’Masken gemoolt goufen hunn mer eis all am Binôme zesummen gesat an iwwert eis respektiv Rollen geschwat.

Den Drëtten Dag vum Projet, hunn mir eis zesummen an der Sportshal getraff. Jiddereen hat seng Mask dobäi. Fir sech mat den Masken ze familiariséieren, huet jiddereen sech d’Mask ugedoen an op en „Trommelen“ gedanzt, eng Figur duergestallt, eng Positioun ageholl,.. Am éischten Moment war et ganz ongewinnt seng „Alldags-Mask“ falen ze loossen an sech an eng nei „Mask/Roll“ anzeloossen. Mir hunn jidderengem eng Temps de Parole ginn fir sech iwwert dess Aktivitéit ze äusseren. No der Aktivitéit, hunn d’Binômen sech zesummen gesat fir d’Themen vun den Rollespiller ze preparéieren/üben.

Den 4ten Dag, goufen d’Rollespiller an engem Geschützten Kader (an der Sportshal) fir gespillt an uschléissend zesummen reflektéiert. Den lëschten Dag hunn mir genotzt fir eng Feedback Ronn ze machen. Uschléissend hunn mer, op Wonsch vun engem Jugendlechen, eng Ronn „Loup-Garou“ gespillt.

Reflexiounen vun den Jugendlechen an der Feedbackronn:

  • 1tn Dag war Langweileg well mir d’Reegelen festgehalen hun awer neicht Prakteges gemach hun
  • Mer konnten aus eiser Roll rauskommen
  • Mei Musek mat involveieren
  • Cool dat Binôme zweschent Personal an Jugendlecher waren
  • Lou-garou mat dobai machen well et och ee Rollespill as
  • Mei Aktivitéiten Programmeieren/Struktureieren

D’Ziel vum Projet war et, fir eng Kéier an eng aner Roll ze klammen, aus senger Roll, déi d’Gesellschaft oder den System engem gitt, erauszekommen an sech nei ze erfannen.

D’Jugendlechen konnten sech gutt op den Projet aloossen, an 2 vun hinnen hun souguer Situatiounen, firwat si an der UNISEC placéiert goufen, nogespillt an d’Roll vum Victime iwwerholl. Et war en ganz flotten Echange mat den Jugendlechen méiglech an mir soen hinnen Merci fir hier Oppenheet an Participatioun um Projet!