Video op RTL

D’Mediatrice Claudia Monti zeechent e positiivt Bild vun der UNISEC, der Unité de securité zu Dräibur, wéi se de Rapport e Mëttwoch presentéiert huet.

D’UNISEC, ass eng Plaz, wou Mineure kënne placéiert ginn, fir dass si net musse mat den Erwuessener am Prisong sinn. 2 Joer nom Aféiere vun dëser Mesure gouf e Mëttwoch den éischte Rapport vun dëser Struktur presentéiert.

12 Jonker kann d’Unité de sécurité zu Dräibur ophuelen. D’Halschent vun de Plazen ass den Ament besat. Hei ginn déi Jonk a klenge Gruppen encadréiert, fir duerno nees an der Gesellschaft kënne Fouss ze faassen. Ma et ass awer genee d’Fro „Wat kënnt NO der UNISEC?“, déi den Ament nach bei ville Meedercher a Jonge géing opstoen.

Claudia Monti: „Si kommen aus engem gewëssenen Encadrement, aus engem Cocon souzesoen eraus, an do ass et da schwéier, fir eleng nees op d’Been ze kommen, wann do kee Suivi ass. Dofir fanne mir et immens wichteg, dass dat Positiivt, wat an der UNISEC gemaacht ginn ass, och virugefouert gëtt an de Jonken och wieder ënnerstëtzt gëtt. Well si ware fragil, soss wäre se net an enger UNISEC gelant. Du kanns se opbauen, mä da muss ee se herno och e bësse suivéieren.“

Wat muss nach geännert ginn?

D’Mediatrice Claudia Monti weist sech zefridde mat der Aarbecht, déi an der UNISEC gemaach gëtt. Am Rapport ginn et verschidde Recommandatiounen, op déi d’Claudia Monti an hir Ekippe zum Deel och scho positive Feedback aus dem Justizministère krut. Et bleiwen awer och nach puer méi kritesch Punkten.
E méi konkrete Profil vun de Jonker, déi an dës Spezialstruktur kënne kommen, wier awer fir d’Zukunft néideg.

Claudia Monti: „Mir wëssen net, wien an eng UNISEC erakënnt. Mir hu kee Profil fir an eng UNISEC. Dir kënnt e Fugueur erakréien, Dir kënnt een erakréien, deen eng Strofdot gemaacht huet, an Dir kënnt een erakréien, deen net an d’Schoul geet. Dat ass ganz heterogen. An dat ass fir d’Leit, déi um Terrain schaffen, dann och ganz schwéier, fir do Gruppen opzebauen a mat den eenzele Gruppe kënnen ze schaffen.“

Een dovunner ass, datt d’Mineuren, wa se op d’Dräibur bruecht ginn, an den allermeeschte Fäll Handschellen unhunn. Den Ombudsmann, deen d’lescht Joer am Summer do eng extern Kontroll gemaach huet, pocht drop, datt dat net geet.

Claudia Monti: „Mir hunn do op Dispositioune vun der Commission nationale de déontologie et de sécurité higewisen, déi ganz kloer soen, datt dat eng abusiv Mesure wier, an dass d’Menotten der Dignitéit vun der Persoun géife schueden. Virun allem bei Mineuren, an dass dat enger Mesure humiliante entgéint kéim. Mir insistéieren dofir, dass e Mineur ëmmer nach e Mineur ass, ëmmer nach eng fragil an extrem sensibel Persoun ass.“

Mat deene Jonken zesummen un hirer Zukunft schaffen, dat wier de grousse Virdeel vun der Unité de Sécurité. Fir dës Aarbecht kënne sécherzestellen, wier awer och eng gesetzlech Ännerung noutwenneg.

Claudia Monti: „Wat mer ganz gären hätten, ass, dass am neie Jugendschutzgesetz och stoe kënnt, dass een an enger UNISEC och eng Zort Congé ka kréien. Dat heescht, dass ee lues a lues och ka kucken, fir an der Famill eng Reintroduktioun ze kréien, mol de Weekend kënnen heem ze kommen oder wann eppes Schlëmmes an der Famill ass, dass een dann och kann an e Spidol goen oder sou. […] Da misst natierlech gekuckt ginn, ob et net awer eng Méiglechkeet gëtt, fir wann e Mineur wierklech e Problem huet, dass da mam Riichter gekuckt gëtt, ob een déi Consultatiounen net méi einfach realiséiere kann.“

Den Ament wier dat nämlech net virgesinn. 3 Méint laang dierfen déi Jonk d’UNISEC net verloossen. Dësen Zäitraum kann awer och vun engem Jugendriichter verlängert ginn.
Kommunikatioun tëscht UNISEC an de Jugendriichter misst verbessert ginn

Verschidde Mineuren hu gesot, datt si scho laang de Jugendriichter net méi gesinn hunn fir iwwert hier Situatioun ze schwätzen. D’Mediatrice bedauert, datt een op Nofro beim Parquet eng lapidar Äntwert krut. D’Kommunikatioun géif do ze wënschen iwwreg loossen. Hirer Meenung no misst all Mineur, deen an der Unité de sécurité ass, all 3 Méint kënne mam zoustännege Jugendriichter schwätzen. All 6 Méint wier den absolute Minimum.

Claudia Monti: „Mir hunn du beim Jugendriichter a beim Procureur d’Etat général nogefrot. Déi Kommunikatioun war leider net sou fructuéis, wéi mer eis dat erhofft haten. D’Bereetschaft ze kommunizéiere war zimlech limitéiert. Mir hu missen zwee mol nohaken, fir eng Äntwert ze kréien, déi vill Froen opstoe léisst. Mir géifen hoffen, net nëmmen, dass d’Mineure bësse méi dacks hire Riichter ze gesi kréien, mä och, dass d’Kommunikatioun e bësse vereinfacht gëtt, tëscht dem Parquet, Jugendgeriicht an eis.“

E weidere Problem ass an den Ae vum Ombudsmann och de Suivi, wann dee Jonken aus der Unité de sécurité erauskënnt. D’Claudia Monti plädéiert dofir, datt d’Mineuren op d’mannst a verschiddene Fäll vun enger vun deene Persoune suivéiert ginn, mat där se och wärend hirer Zäit an der UNISEC geschafft hunn.

Da leet d’Mediatrice dem Justizministère un d’Häerz, dofir ze suergen, datt et och nuets eng Assistance socio-éducative gëtt, eng Recommandatioun, déi de Ministère positiv opgeholl huet.

A méi Detailer zum Encadrement vu Jonken, déi stroffälleg gi sinn, gëtt et de Méindeg am Magazin. D’Déborah Ceccacci huet ee Jonken am Centre socio-éducatif zu Dräibur getraff.