Video op RTL

Ee Mannerjäregen, deen erwëscht gouf, wéi en an der Stad enger Persoun eng Kette vum Hals gerappt huet, huet dowéinst nees musse lafe gelooss ginn.

Dat krute mer op Nofro hi vum Spriecher vum Parquet confirméiert. Et wier scho fir d’zweet dëst Joer, datt esou eppes virkënnt.

Just Plaz fir 12 Mannerjäreger

De Mannerjäregen hat keng Pabeiere bei sech an huet vu sech selwer behaapt, en hätt nach keng 18 Joer. Doropshi wollt de Parquet en an der Unisec placéieren. Dat war wéi gesot awer net méiglech, well déi zoue Struktur voll besat ass. E Placement op Schraasseg war fir de Parquet keng Optioun. Den Dossier ass elo beim Jugendriichter, deen e weider traitéiert. Vum Spriecher vum Parquet heescht et, et hätt een nach ëmmer d’Méiglechkeet der Persoun eng Affär ze maachen. Eng zweet erwuesse Persoun, déi e Mëttwoch mat bedeelegt war, koum an Untersuchungshaft.

An der zouener Struktur, déi eng Zort Jugendprisong am Centre socio-éducatif de l’Etat zu Dräibuer ass, ass maximal Plaz fir 12 Mannerjäreger, déi fir en Zäitraum vun 3 Méint do placéiert ginn. Dee Placement ka vun den zoustännege Justizautoritéite verlängert ginn. Schonn Uganks Februar waren 11 vun den 12 Plazen an der Unisec besat. De Chef vun der Jugendschutz-Sektioun vum Parquet David Lentz hat du schonn am RTL-Interview vun engem Problem geschwat. E Problem, deen och net an noer Zukunft geléist wäert kënne ginn.

Parquet: Unisec ze kleng, et besteet Handlungsbedarf

Dat aus Plazgrënn eng Persoun net an den Unisec konnt ageliwwert ginn, ass elo scho fir op d’mannst déi drëtte Kéier passéiert, esou de Premier avocat général. Am RTL-Interview bedauert d’Simone Flammang, datt dem Parquet General wéinst Infrastrukturproblemer d’Hänn gebonne sinn. D’Decisioun, déi geholl huet misse ginn, géif ee sécher net zefriddestellen. D’Simone Flammang widderhëlt donieft, de Parquet hätt vun Ufank un drop higewisen, datt d’Unisec ze kleng wier. De Parquet hätt den Enkpass vun deem Moment u komme gesinn, wéi gewosst war, datt d’Unisec fir 12 Plaze geplangt wier.

Eng kuerzfristeg Léisung ass net a Siicht. En Ausbau vun der zouener Struktur ass gesetzlech hir net erlaabt an och infrastrukturell net méiglech. Mëttelfristeg misst awer onbedéngt eng nei Struktur fir Mannerjäreger geschaaft ginn, déi stroffälleg ginn an iwwert d’Philosophie vun der Unisec, sou d’Premier avocat général. Et géif all Zäit dréngenden Handlungsbedarf bestoen.

Mannerjäreger am Erwuessene Prisong hunn ëmmer nees fir Kritik gesuergt

D’Lëtzebuerger Justizautoritéiten waren an der Vergaangenheet méi dacks kritiséiert ginn, well Mannerjäreger an den Erwuesseneprisong op Schraasseg komm waren. Am Kader vun den Aarbechten um neie Jugendschutzgesetz lafen den Ament och Iwwerleeungen, wou a wéi mannerjäreg Krimineller hei am Land sollen ënnerbruecht ginn. Een Ament war Rieds vun enger zousätzlecher Struktur. D’Justizministesch Sam Tanson ass a bleift kategoresch, datt e Mannerjäregen näischt zu Schraasseg verluer huet. Dem aktuelle Jugendschutzgesetz vun 1992 no, bleift e Placement am Erwuesseneprisong awer ënner gewëssene Konditioune méiglech, wann de Mineur sech schlecht behëlt oder wéinst sengem geféierleche Verhalen. Am Januar zejoert hat de Parquet général an engem exzeptionelle Fall decidéiert, e Jonken vu 17 Joer op Schraasseg ze placéieren, nodeems säi Verhale sech och no 13 Méint an der Unisec net gebessert, mä éischter verschlechtert hat. Dee Jonke war wéinst grave penalen Infraktiounen, dorënner Vergewaltegung, placéiert.

D’Unisec ass zanter 2017 operationell nodeems et Jorelaang geschleeft hat bis d’Unitéit effektiv opgoe konnt.