Video op RTL

Buerglënster huet zënter kuerzem 7 nei Awunner: Meedercher, déi an der fréierer Jugendherberg en neit, provisorescht Doheem fonnt hunn.

D’Pëtzenhaus ass zënter kuerzem eng Struktur vum Centre socio-éducatif de l’Etat an hei an der Buerg sollen d’Mineure bei hirem Start an d’Erwuesseneliewe gehollef kréien. Zu 7 si si bis ewell, 7 Meedercher, déi hei encadréiert sinn, moies ofgeholl gi fir an d’Schoul an am Nomëtten dann hir Hausaufgabe maachen. An hirer fuschnei renovéierter Kummer an dësem historesche Gebai an der Buerg. Dat eent oder anert huet scho méi en uerge Parcours hannert sech: Vernoléissegung, Gewalt, a war vläicht och schonn an zeg anere Strukture virdrun. Hei géif kee fale gelooss.

Egal wéi grouss d’Problemer sinn, et géing ee probéieren, de Mineuren entgéintzekommen an esou no hinnen ze kucke wéi hir Familljen oder aner Institutiounen et net konnten, betount d’Christiane Feidt, d’Coordinatrice zu Buerglënster.

Mëttes sinn 3 Educateure fir d’Aktivitéiten zoustänneg, nuets wier och ëmmer eng Persoun am Haus. Wéi an enger normaler Famill sollen d’Mineure sech fillen, mat deene selwechte Reegelen. D’Haus an der Buerg wier optimal als Struktur.

Et hätt een e grousse Gaart an do géing ee mat hinnen a verschiddenen Ateliere schaffen, dass d’Meedercher gesinn, wéi dat alles geet. Weider hofft een, dass d’Awunner si ganz normal ophuelen, esou d’Educatrice Mia Weydert.

De Centre socio-éducativ schafft an 3 esou Haiser, nieft Buerglënster sinn et Dräibuer a Schraasseg. Dat Wuert – Schraasseg – géif hei dacks fir Konfusioun suergen.

De Ralph Schroeder, den Direkter vum Centre socio-éeducatif de l’Etat, ënnersträicht an deem Zesummenhang, dass et weder Jonker sinn, déi am Prisong waren oder déi an de Prisong kéimen. Se wiere wuel vum Jugendgeriicht do placéiert ginn, mä dat géing opgrond vum Jugendschutzgesetz geschéien an net fir si anzespären.

De But ass natierlech, eng Reinsertioun vun de Meedercher an d’Gesellschaft, also hinne weisen, wéi ee mateneen ëmgeet an eens gëtt. D’Buerg ass eng Tëschenetapp Richtung Erwuesse sinn.