Video op RTL

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war d’Joëlle Ludewig vum Centre socio-éducatif de l’état.

Et soll een déi Jonk net op dat reduzéieren, wat se weisen. Hannert hirem Verhalen, wär meeschtens eng grouss Nout, vill Ängschten, déi misst een Eescht huelen. Dat seet d’Vize-Direktesch vum staatlechen „centre socio-éducatif“, d’Joëlle Ludewig, si war um Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

59 Bouwen an 28 Meedercher sinn den Ament zu Dräibur, respektiv zu Schraasseg an den Internater. An der Moyenne si se 16 Joer al a bleiwen ee Joer. Dräibur gëtt et zanter 1946, et géif e grousse Mythos ginn. Et wär haut keng Erzéiungsanstalt méi, mä eng sozial-pädagogesch Struktur, wou pädagogesch mat hinne geschafft gëtt.

Zanter dem Hierscht funktionéiert och d’UNISEC zu Dräibur, eng zoue Struktur. 5 jonke Männer sinn den Ament do, 12 Plaze gëtt et. Den Ament géif et kee Mix gi mat Jonken, déi schwéier kriminell Dote begaangen hunn. Bal 20 Joer ass et hir, datt déi Struktur geplangt gouf. Et misst een sech elo mol Zäit ginn, mengt d’Joëlle Ludewig. No 6 Méint kéint een nach net vill soen. Sécher gutt wär awer, datt esou evitéiert gëtt, datt vill Mineure zesumme mat Erwuessenen zu Schraasseg placéiert sinn.

Ob déi aktuell Diskussioun ugeschwat, datt d’Gewalt an de Schoule géif zouhuelen. Ob déi Jonk méi uerg gi sinn? sot eis Invitée, datt et ville Jonke géif schlecht goen. Déi eng géifen opfalen, anerer roueg an inaktiv am Eck setzen. Si wären d’Spigelbild vun der Gesellschaft an et wär eis Flicht sech ëm se ze këmmeren. Leit um Terrain, déi mat Jonke schaffen, misste gestäerkt ginn. Wa si d’Gefill hätten, et géif ëmmer méi schwiereg gi Kanner a Jonker ze betreien, misste mer si dobäi ënnerstëtzen. Sou d’Joëlle Ludewig, Vize-Direktesch vum staatlechen centre socio-éducatif.