Am Kader vum Lëtzebuergeschcours op der Klass 5 ADF hu mir eng Visitt an de Bockkasematte gemaach. Dee gelongene Besuch huet ee vun de Schüler mat engem selwer verfaassten Text ofgeschloss, fir seng Andréck zu dësem Deel vun der Lëtzebuerger Stadgeschicht ze deelen. D’Fotoen huet hie mat sengem Handy geholl.
Mat mengem kuerzen Exposé géif ech Iech gären d’Bockkasematte virstellen. Déi sinn am Bockfiels an der Stad. Do fënnt een eng permanent Ausstellung iwwer d’Festungsgeschicht vun der Stad Lëtzebuerg.
Ech sinn dohinner gaangen, well ech wësse wollt, wéi et fréier an den Tunnelle vun de Kasematten ausgesinn huet. Ech hunn d’Visitt op eege Fauscht gemaach, well ech mer d’Zäit selwer wollt andeelen. Fir méi Informatiounen, krut ech gratis eng Broschür bei der Entrée. D’Entrée kascht fir Schüler 8€ a fir Erwuessener 10€.
Generell huet d’Visitt mer gefall, well et interessant war, wéi déi al Konstruktioun gebaut gouf. Wat mer ganz speziell gefall huet, waren déi al Kanounen, déi dobanne waren. Aus de Lächer vum Bockfiels huet een eng schéi vue iwwer Clausen, de Garer Quartier, de Gronn an de Pafendall.
Fréier waren d’Kasematten do, fir sech géint Ugrëffer ze verteidegen a sech ze schützen. Hautdesdaags ass et e Site, op deem een een Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht ka kenneléieren. Et si vill Touristen do. Zum Schluss wëll ech soen, dass den Tuer fir de Präis kuerz ass. Ech hu just 40 Minutte gebraucht.