Dëst Joer war dann nees Vizzait . Mir hate ganz vill Äppel zu Dräibuer an zu Fréiseng, déi mir rafe waren, fir och dëst Joer nees kënne Viz ze maachen. Déi vill Äppel hu mir mat der Hëllef vum Service Technique gepresst an enger spezieller Press, fir Jus aus deenen Äppel kennen ze maachen. Mat all deenen Äppel hu mir am ganze 420 Liter Jus kritt.

An der grousser Kichen ass de Jus da gekacht ginn, an d’Fläsche sinn steriliséiert ginn, fir dass de Jus och haltbar ass. Mee och d‘Fläsche kruten eng passend Deko, an zwar selwer gemaachten Etiketten, déi mat Hëllef vum Konscht- a vum Buchbënneratelier mat vill Léift a Kreativitéit, selwer hiergestallt gi sinn. An der UNISEC hunn zwee Meedercher mat Begeeschterung un de Poschette geschafft, déi eis Fläsche verzieren.

Mir waren all begeeschtert, fir kënnen de Prozess vun der Äppeljusproduktioun kennenzeléieren an houfreg drop, dass mir duerno immens vill Fläsche konnte verkafen an dass en esou gutt geschmaacht huet.