Fréi no dem Motto « an apple a day keeps the doctor away…” huet en Grupp vu Jonker an Educateuren an der leschter Woch zesumme frësche séissen Viz selwer gemaach.
D’Äppel sinn an dem hauseegene Bongert zu Dräibuer geraf an dono gekeltert ginn. Am Kichenatelier ass de Viz du mat Ënnerstëtzung vun den Jonken a Fläsche gefëllt an agekacht ginn.
En vue vun enger Etikette fir op d´Fläschen hunn d’Schüler am Konschtatelier Zeechnungen zum Thema Äppel gemaach. Dovun goufen 2 Biller ausgewielt, unhand vun deene Gravuren entstanen sinn, déi vun de Schüler selwer gedréckt goufen. Richteg schéi goufen d´Fläschen duerch een Text mat Golddrock, den nodréiglech am Buchbënneratelier nach dropgesat gouf. Eng Equipe huet ausserdeem nach kleng Poschetten hiergestallt, wou d’Infoen zum Produit drop stinn. Am Enn koum a richteg schéin Produit bei der Aktioun raus: Frësche Viz an enger Fläsch mat engem flotten an selwer kreéierten Etikette.
Da d’Schüler houfreg op d’Resultat vum Projet an och op hier Zesummenaarbecht an der Equipe waren, weist sech an den folgenden Zitater vun den Participanten, déi no der Aktioun agefaange goufen:
“et war interessant eppes Neies ze léiren, an et war flott d’Etiketten ze drécken, an de Golddrock dono ze maachen“; “et huet Spass gemaach“, “je voulais participer pour l’école, ça m’a fait plaisir“; „ech si frou iwwer d’Resultat“; „hunn et schéi fonnt mech laachen ze gesinn“.
Aktuelles/News
Oktober 7, 2022
Vizprojet zu Dräibuer mat Jugendlechen huet den Hierscht ageleet
