Video op RTL.lu

Am Centre socio-éducatif (CSEE) liewe Jonker, déi duerch e riichterleche Beschloss placéiert ginn. Op Drogemëssbrauch, Gewalt oder well de Jonke sech an engem Foyer dauerhaft net un d’Reegelen hält, eng Placéierung kann ënnerschiddlech Grënn hunn. Déi Jonk, déi manner wéi 18 Joer al sinn, liewen hei gréisstendeels a Wunngruppen. Bei schwéiere Strofdote gi si awer an der Unité de securité (Unisec) ënnerbruecht. Hei koum et am Januar nach zu engem gréissere Virfall.

Nieft dem sozio-pädagogeschen an therapeutesche Personal, wat hei am Asaz ass, muss och mat Sécherheetsbeamte geschafft ginn. Déi Kontrakter lafen ëmmer op zwee Joer. Dann dierf d’Sécherheetspersonal entscheeden, ob si weider op dëser Plaz schaffe wëllen oder net. Et ass nämlech quasi dee schwéierste Beruff, deen een hei zu Lëtzebuerg mat Jonke kann hunn. Do sinn der ëmmer rëm, déi no 2 Joer d’Decisioun huelen, dësen Job net weider ze maachen. Dat war och Enn d’lescht Joer de Fall, wou d’Period rëm op en Enn gaangen ass, sou de Ralph Schroeder, Direkter vum CSEE.

Déi oppe Plaze goufen an enger éischte Phas och ausgeschriwwen, et hätten awer net genuch Leit sech gemellt, sou den Direkter weider. Dës Weidere goufe rezent 3 Gesetzesprojeten iwwert de Jugendschutz an d’Jugendstrofrecht deposéiert. Deemno soll d’Unisec a nächster Zäit ausgebaut ginn an dann net méi vum CSEE geréiert ginn. Doropshi gouf d’Entscheedung getraff, d’Sécherheetspersonal net méi selwer ze rekrutéiere, mä op eng privat Sécherheetsfirma zeréckzegräifen.

Dës privat Sécherheetsbeamte schaffen aktuell ronn 64 Stonnen den Dag an der Unisec. Dat entsprécht also knapp 8 private Sécherheetsbeamten, déi an der Unisec all Dag am Asaz sinn an dat just daagsiwwer. Et schafft awer och weiderhi Sécherheetspersonal vum CSEE an der Unisec, sou dass ëmmer ronn 10 bis 12 Sécherheetsbeamten do sinn. Aktuell sinn 10 vun 12 Better hei vu Jonke besat.

Déi sozio-pädagogesch Ekipp wier awer komplett a géif hirer Aarbecht och korrekt nogoen, sou de CSEE-Direkter. D’Sécherheetsbeamte wiere wierklech just do, fir Sécherheet fir déi Jonk a fir d’Personal ze garantéieren. Ëmmer wann et zu engem Risiko kënnt, dass eng Persoun blesséiert gëtt, da schreit de Sécherheetsbeamten an. Si hätten awer näischt mam pedagogeschem Encadrement vun de Jonken ze dinn.

Nieft dem neie Personal an der Unisec, sinn awer elo och privat Sécherheetsagenten an den anere Strukture vum CSEE am Asaz. Dat net ouni Grond. Mir hätte gären, dass eis Erzéier sech sou gutt wéi méiglech op dat erzéierescht kënne fokusséieren. Dat heescht, mir versichen eng Situatioun ze schafen, wou, wann et zu enger Krise kënnt, och den Erzéier d’Méiglechkeet huet, sech zeréckzezéien an e Beamten, deen och speziell forméiert ass op Sécherheetsfroen, kann iwwerhuelen. Dat wier och an deenen anere Strukture vum CSEE noutwenneg. Hei ass een awer net esou deck opgestallt, mä eleng 1 bis 2 Agente géifen den Erzéier e Gefill vu Sécherheet ginn.

D’Personal vun der privater Sécherheetsfirma gëtt bei hinne selwer ausgebilt. Ma wa si dann am CSEE agesat ginn, kréien si nach eng zousätzlech Aweisung. Domat géif ee gutt fueren an et wier déi beschte Léisung, vue dass een nach net sécher ass, wéi et mat der Unisec a nächster Zäit virugeet.