Video op RTL

Den Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war de Ralph Schroeder, neien Direkter vum Centre socio-éducatif de l’Etat zu Dräibur.

Et feele 50 Leit den Ament am Encadrement, dat sot um Dënschdeg de Moien den neien Direkter vum Centre socio-éducatif de l’Etat. De Ralph Schroeder ass zanter dem 1. Mee op sengem Posten a war eisen Invité vun der Redaktioun.

De Centre socio-éducatif de l’Etat huet den Ament d’Autorité parentale iwwer 92 Jonker, 60 Jongen zu Dräibur an 32 Meedercher zu Schraasseg. Alles Jonker ënner 18 Joer déi an der Moyenne ee Joer do bleiwen.

Net all Jonken, deen zu Dräibur placéiert gëtt, ass kriminell, sou de Ralph Schroeder. Vill hu Problemer an der Schoul, hunn iwwer laang Zäit blo gemaach, sech aggressiv verhal oder huelen Drogen. Aner hu psychesch Problemer.

Dat grousst Zil ass natierlech de Jugendlechen an hirer Zäit zu Dräibur eng Perspektiv, fir en eegestännegt Liewen dobaussen ze bidden. Dat geet am beschten a méi engem individuelle Kader, a klenge Gruppen. Duerfir ass den Ament awer d’Personal nach net do. Ëm sou méi freet sech de Ralph Schroeder iwwert d’Zouso vun der Regierung, datt méi Leit am sozioedukative Beräich agestallt solle ginn. An deem Kontext krut een eng éischt Zouso fir 18 nei Mataarbechter.

Nieft méi Personal, setzt de Ralph Schroeder och verstäerkt op dezentral Strukturen. An Zukunft sollen déi Jonk net méi nëmmen zu Dräibur ma a méi klengen Haiser am ganze Land ënnerbruecht ginn. Ma dat ass nach Zukunftmusek.

Den zouene Strofvollzuch fir Mannerjäreger, déi sougenannten Unisec, ass iwwerdeems jo schonn zanter enger Zäit operationell. D’Infrastrukture kënnen awer net genotzt ginn, sou laang dat néidegt Gesetz net gestëmmt ass. Um Dënschdeg steet de Gesetzprojet op en Neits um Ordre du jour vum Staatsrot an de Ralph Schroeder hofft op net all ze vill Oppositioun.